Kleng Aarbechten,
grouss Resultater!
Kontaktéiert eis !
Zéckt net fir Iech nach haut mat Äre Froe bei eis ze mellen oder einfach ee gratis Devis unzefroen.
Mir freeën eis schonn drop fir Iech Äert Liewe méi einfach ze maachen!
20 600 500
info@svk.lu
REPARATUREN ODER DEPANNAGE BEI IECH DOHEEM - D'SERVICEKËSCHT HUET D'ÄNTWERT!
Mir si prett fir Iech är kleng Aarbechten doheem ofzehuelen!
Plot Iech net weider mat Saachen déi virun allem Zäit a Frust kaschte, mee mellt Iech einfach bei eis: Mir hëllefe schnell, professionell an effikass!
Eis Servicer
Am Haus:
- Kleng Reparaturen
- Kleng elektresch Installatiounen & Aarbechten
- Luuchten ophänken / Biere wiesselen
- Kleng Sanitärsaarbechten
- Kleng Renovatiounen
- Miwwelen ob-an ofbauen
- Recycling
- Rideauen ophänken
- Lächer bueren
- Offlëss fräi maachen
- Entlüftung vun Heizungen
- Kleng Usträicheraarbechten
- Hëllef bei Plënneraktiounen
- Kelleren a Späichere raumen
Ronderëm d’Haus:
- Kleng Reparaturen
- Kleng elektresch Installatiounen
- Gaardenaarbechten
- Terrasse botzen
- Plättercher flécken
Speziell Servicer :
- Grief botzen
- Begleedung bei Äre Projeten